Esperanto.Net
Letzebuergesch
ESPERANTO? Wat ass dat?
Eng
iwwernational Sprooch,
- déi et méi liicht mécht, fir Mënschen mat verschiddene Mammesproche sech matenaner ze verstännegen.
Schons e Jorhonnert laang huet sech d'Esperanto am Alldag als eng komplett
a lieweg Sprooch erwisen, an däer sech mat Liichtegkeet alles ausdrécke léisst.
Iwwernational
an neutral:
- D'Esperanto gehéiert kengem bestëmmte Land oder Vollek. Duerfir beviirdeelegt et och
keng Kultur, déi duerwengsder aner iwwertrompe kéint. D'Esperanto gehéiert alle
Mënschen, déi et schwätzen, a schléit Brécken tëscht de Kulturen.
Esperanto
ass liicht!
- Wengt senger einfacher a logescher Grammär, wengt der Liichtegkeet, Wierder aus aneren
zesummenzesetzen a wengt sengem internationale Wuertschatz as d'Esperanto eng vun deene
liichste Sprooche vun der Welt. Wëssenschaftléch Studien hun ergin, datt d'Esperanto bis
zu zingmol méi einfach ze léieren ass, wéi aner Sproochen.
Wat kann d'Esperanto Dir bréngen ?
...
Frëndschafte schléissen
- an dat iwwerall op der Welt, zum Beispill durch Bréiffrëndschafte mat Leit aus anere
Länner a Kulturen. Wee gäeren op d'Rees geet, dee ka vum "Pasporta Servo" profitéieren - e
Verzeechnes vun iwwer 1000 Adressen vun Esperantisten a méi ewéi 70 Länner, déi bereet
sin, aner Esperantospriecher fir näischt bei sech opzehuelen an hinnen hir Stat oder
Heemecht ze weisen.
... U
Festivaler deelhuelen
- wéi d'Esperanto-Weltkongresser, d' Jugend-Weltkongresser a villen aneren, déi duerchter d'Joer
an alle méigleche Länner stattfannen. Si sin ëmmer ërem en onvergiesslécht multikulturellt Erliewnes
fir jiddereen, deen dorun deelhëllt.
... Eppes
iwwer aner Kulture gewuer gin
- an zwar op eng wierkléch iwwernational Art a Weis. D'Esperanto huet eng räich
Literatur an alle Stilrichtunge virzeweisen - nët nëmmen Iwwersetzungen, mee och Wierker,
déi original an Esperanto verfaasst gi si vun Auteurën aus alle Kontinenter a Kultuurkreeser.
Et gët eng ganz Rutsch vun Zäitschrëften a Radiosemissiounen op
Esperanto, an net zulescht och eng breet Theater- a Musikskultur...
Wéi kanns Du Esperanto léieren?
Coursën
- bitt zum Beispill d'Lëtzebuerger Esperanto-Assoziatioun
(LEA) zweemol am Joer un - eng Kéier am Summer an eng Kéier am Hierscht. Doriwwer
eräus gët et och Weekend-intensivcoursën zu Nanzeg oder zu Homburg. Eng gutt
Geleenheet, eemol an d'Esperanto eranzeschnoffelen, sin och Internetcoursën, wéi déi vun der franséischer Esperanto
Jugendorganisatioun.
Kontaktéier
einfach
dë Rotterdamer Bureau vum Esperanto-Weltverband
(UEA) bzw. vum Weltverband
vun der Esperanto-Jugend (TEJO).
Mir
hëllefen Dir gäere weider:
- Letzebuerger
Esperanto-Assoziazioun (LEA)
- 1, rue de Kehlen, LU-8394 Olm
- Esperanto-Weltverband (UEA)
- Nieuwe Binnenweg 176, NL-3015 BJ Rotterdam
- Weltverband vun der
Esperanto-Jugend (TEJO):
- Nieuwe Binnenweg 176, NL-3015 BJ Rotterdam
- Esperanto.Net
- Esperanto-Informatiounen am Internet
TEJO / mw